Das letzte Mal in meiner Schullaufbahn trete ich in die Wahlen für einen Mitgliedsposten im Schülerkomitee vom Lycée de Garçon Esch/Alzette. Zusammen mit meinen Freunden, Line Wies und Tim "Barney" Hornick haben wir die "Letzebuerger Genossenschaft Esch" gegründet um zusammen, mit eigenem Programm in die Wahl zu gehen.Program:Eis Grënn firwat dir eis jeeweils 2 Stëmme sollt ginn an der Schülerkomiteeswahl:
Mir setzen eis fir eng fair, angenehm, an tolerant Atmosphär an eisem Lycée an, déi dozou bedréit dat de LGE zu engem villfältege Gebai gëtt, den all Kulturen, Begabungen, Weltanschauungen a sexuell Orientéierunge akzeptéiert. Mir wäerten eis verstäerkt géint de Sexismus, Rassismus, d' Homophobie an de Rietsextremismus asëtzen a wëllen e System dee kengem Professer, nach Schüler d' Méiglechkeet gëtt de Schüler hir essentiell Mënscherechter an hir Würd ze bedroen.
Mir garantéieren eise Wieler och séier Reaktiounen op aktuell schoulesch Themen, well d' Wuel vun de Schüler bei eis op der éischter Plaz steet. Mir setzen e grousse Wäert op e selbstbewossten Dialog mat den anneren Schoulpartner, wei der Direktioun, de Professeren an Elteren.
Eis Genossenschaft as fir d' Ofschafe vum Religiounscours an all Schoul, well sou ee Cours näischt an engem humanisteschen Lycée verluer huet.
Mir wäerten alles machen dat rëm normal Softdrinks an den Automate verkaf gi. Fir déi Schüler déi sech richteg a gesond wëllen ernähren fuerdere mir d' gratis Mëllech an der Kantin rëm anzeféieren.
Mir wëllen och dat op all Toilett
ëmmer Seef as.
Och dës Joer wäerte mir eis fir e Schoulfest starkmachen an ënnerstëtzen de Premierskomitee an sengen Aktivitéiten.
Line Wies
Klass: 1A
4 Joer Klassendelegéierten
7 Joer Cabaret Geoghelli
1 Joer Vertrauenschüler
Streikkomitee géint den 5611
UNEL
Tim "Barney" Hornick
Klass: 4e2
1 Joer Schülerkomitee
1 Joer Klassendelegéierten
5 Joer Cabaret Geoghelli
1 Joer Vertrauenschüler
Streikkomitee géint den 5611
Organisatioun vum Schoulfest
Mateusz Buraczyk
Klass: 1E
6 Joer Schülerkomitee
3 Joer Sekretär vum SK
6 Joer Klassendelegéierten
6 Joer Cabaret Geoghelli
2 Joer Vertrauenschüler
Streikkomitee géint den 5611
UNEL
Mir hoffen daat all Schüler am LGE dem Line zwou Stemmen gin, dem Tim zwou Stemmen gin an och dem Mateusz zwou Stemmen gin.
Lëtzebuerger Genossenschaft Esch
PS: Huelt eis Fotoen net ze eescht, dat as nemmen Propaganda
D'lutte finale wier dann den Endkampf op däitsch
AntwortenLöschen